FR - LU

Är Talenter am Déngscht vum Bierger.

GovJobs ass den zentrale Rekrutementskanal fir d'Fonction publique zu Lëtzebuerg an huet eng Missioun: Talenter entdecken.

Haut si mir méi wéi 36.000 Agente beim Staat. Mir all hunn eis dofir entscheet, eis anzesetze fir eist Land no vir ze bréngen an en Ënnerscheed am Liewe vun de Bierger ze maachen.

Vilfalt vun de Beruffer.         

Vum Enseignant iwwer de Polizist, de Geometer oder de Laborant bis hin zum Informatiker oder Handwierker: D'Fonction publique bitt eng grouss Vilfalt vu Beruffer. Beruffer, déi sech stänneg weiderentwéckelen, fir de Besoine vun der Gesellschaft beschtméiglech gerecht ze ginn.

Sech mam Land beweegen. 

E Bäitrag zur sozialer, kultureller a wirtschaftlecher Entwécklung vum Land ze leeschten, dat ass eng eenzegaarteg Aufgab!

Déi eng sinn direkt nom Schoulofschloss der Fonction publique bäigetrueden, anerer hunn de Schratt am Laf vun hirer Karriär gewot. Mee jiddweree verfollegt ee gemeinsaamt Zil: d'Gesellschaft virunzebréngen an d'Relatiounen tëscht dem Staat an de Bierger nei ze erfannen.

Sech mam Land
beweegen.

Rebecca, Analyste

Jérôme, Chef de projet
Économie circulaire

Eis Welt dréit onwarscheinlech séier an och Lëtzebuerg verännert sech. Vun der Educatioun iwwert d’Ëmwelt, bis hin zu der Sécherheet an der Justiz, sidd Dir stänneg beméit, d'Servicer ze verbesseren an d'Relatiounen tëscht dem Staat an de Bierger nei ze erfannen.
-

Mir gestalten d’Zukunft all Dag.

Op Wënsch lauschteren.

Valérie, Assistance sociale

Max, Schräiner

Deen een ass de gebuerenen Ingenieur. Anerer si vu Klengem u frou mat der Natur oder mat Sproochen. Nach anerer wollte schonn ëmmer Polizist ginn. An de verschiddene Ministèren a Verwaltunge vum Land fannt Dir Plazen, wou Dir Är Dreem an Ziler verwierkleche kënnt. Well Dir sollt e Beruff ausüben, dee bei Iech passt.
-
Mir kucken, fir wat Dir gemaach sidd. 

Eng sënnvoll Carrière wielen.

Noah, Conseiller budgétaire

Monique, Responsable 

logistique magasins

Zur sozialer, kultureller a wirtschaftlecher Entwécklung vum Land bäizedroen, ass eng eenzegaarteg Aufgab. Op Är Aart a Weis hëlleft Dir, dëse groussen Optrag auszeféieren. Andeems Dir am Déngscht vun der Allgemengheet schafft, erfëllt Dir Är Missioun an der Gesellschaft a gläichzäiteg kënnt Dir Iech perséinlech weiderentwéckelen. Dat ass eis Aarbechtsphilosophie.
-
Fir eis ass dat selbstverständlech.

Am Déngscht vun der Gesellschaft stoen.

Alain, Chef de division

Nadine, Policière

Nolauschteren a Léisunge fanne läit Iech am Blutt. Dir setzt Iech all Dag an, fir d‘Servicer fir d’Bevëlkerung ze verbesseren oder ze digitaliséieren. Är Prioritéit: D'Bierger ënnerstëtzen, fir jidderengem säin Alldag méi liicht ze maachen. 

-
An dat ass wäertvoll.

Talenter entdecken.

Esther, Laborantin

Richard, Mecanicien

Et gëtt Kompetenzen, déi Dir an der Schoul matkritt an duerno op der Aarbecht ausbaut. Anerer hutt Dir opgrond vun Ärer Perséinlechkeet an deem, wat Dir gäre maacht. Bei eis sinn all déi Kompetenze gefrot a mir invitéieren Iech, se an den Déngscht vun de Lëtzebuerger Ministèren a Verwaltungen ze stellen, wou se sech nach weider entfale kënnen.
-
Dat versprieche mir Iech.

Sech zesumme veränneren.

Jean-Paul, Consultant RH

Rebecca, Analyste

An der Fonction publique ass de Bléck wäit no vir geriicht. Eis Prioritéit ass d'Zukunft. Am Team dreift Dir haut schonn déi grouss Ännerunge vu muer un, am Déngscht vun enger moderner Gesellschaft.
-
Zesummen ass een ëmmer besser.

Kuckt hannert d'Kulisse vun eisem Film.

Andeems se fir d'Allgemengheet schaffen, erfëllen d’Agente vum Staat eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft a kënne sech gläichzäiteg perséinlech weiderentwéckelen. Entdeckt d'Gesiichter vun deene Fraen a Männer, déi an de Ministèren a Verwaltunge vum Land täteg sinn.

Entdeckt eis Beruffer.

LE CHOIX DE REBECCA: Als Analystin der staatlichen Statistiken die luxemburgische Wirtschaft unter die Lupe nehmen

Von der Instandhaltung des Straßennetzes bis zur Aufnahme von Personen, die internationalen Schutz beantragen: ein Dialog zwischen zwei Berufen

Eintauchen in die texturierte und poetische Welt der Mineralogie mit Kim im Nationalmuseum für Naturgeschichte

Helfende Berufe im öffentlichen Dienst: im Zentrum von Empathie und Unterstützung für alle

Im Herzen der Umweltinspektion: Treffen Sie zwei Spezialisten des Umweltamts

Zwischen Telekommunikation und Engineering: alles über die Ausrüstung der Flugsicherung mit Michel

Entdeckt eis op de sozialen Netzwierker

www.govjobs.lu
Centre de gestion du personnel et de l’organisation de l’État (CGPO)
10, avenue John F. Kennedy L-1855 Luxembourg
Tél.: (+352) 247-83200
recrutement@cgpo.etat.lu

Designed by